Wanderen

Duerch d'Natur zu Fouss

Béiwen ass den idealen Ausgangspunkt fir all Wanderfrënd. Mer weisen Eech hei déi Weeër déi ronderëm an duerch eis Duerf ginn.

Generell Informatiounen

Eis Weeër sinn net zougänglech fir Rollstullfuerer a Kannerkutschen. Eis Weeër kënne net permanent kontrolléiert ginn, dofir ass d’Begoen vum Pad op eege Verantwortung. Falls Eech eppes opfällt um Wee, deelt eis et mat.

Passt op!

Hëlleft eis d’Natur ze schützen fir weiderhënn kënnen vun hir ze profitéieren.
E puer einfach Regelen wëlle mer dofir an Erënnerung ruffen:
• Ditt Eech dem Weeder entspreechend un.
• Bleiwt um Wee a gitt net queesch duerch d’Bëscher.
• Rappt keng Blummen, Bleeder oder Äscht.
• Zertrëppelt d’Déieren, Insekten net mutwëllech.
• Denkt un d’Ëmwelt a geheit keen Dréck an d’Natur.
• Jäitzen am Bësch ass net néideg. Respektéiert d’Rou déi d’Natur Eech bidd.
• D’Hënn dierfen d’Natur och genéissen, Joen vun anneren Déieren ass ewer net erlabt. Haalt Ären Hond am Beschten an der Léngt.

Digitalen Naturpark-Guide

Digitaler Natgurparkführer GPS

Mam digitalen Naturpark-Guide kënnt Der d’Geschicht iwwert de See an d’Natur ronderëm Béiwen/Bauschelt op engem Wee vun 8 km entdecken. Als GPS weist heen
Eech de Wee an gëtt zousätzlich mat Fotoen an Animatiounen kulturell an historisch Erklärungen. E poer Quizfroen animéieren Ären Rondgang.


Dir kënnt dësen Apparat am Restaurant “Auberge du Lac“ zu Béiwen ausléinen.


Erwoessen: 4 €
Kanner: 2,50 €

Wanderwege / Hiking Trails / Circuits pédestres: Link
bavigne.lu
bavigne.lu
bavigne.lu

We use cookies on our website. Some of them are essential for the operation of the site, while others help us to improve this site and the user experience (tracking cookies). You can decide for yourself whether you want to allow cookies or not. Please note that if you reject them, you may not be able to use all the functionalities of the site.

Ok